Select your language

WAERTVOLL ËNNERSTËTZUNG

Lions Club Mameranus a LuxEnergie mat Benefizconcert zu Gonschten vun Alan asbl Réiser.

Nom Succès vum Chrëschtconcert d'viregt Joer hunn sech de Lions Club Mameranus, d'Chorale Cantabile Fenteng, d'Luxembourg Little Big Band, d'Hesper Gemeng a LuxEnergie am Dezember 2022 nach eng Kéier zesummegedoe, fir ee Beneficeconcert zu Gonschte vun Alan Maladies Rares Luxembourg ze organiséieren. Fir de Concert „Watch What Happens A Jazzy Christmas Tale" am CELO Hesper gouf d'Luxembourg Little Big Band vun der Solistinnen Nicole Dielissen a Grace Gnad-Augustin vun der Chorale Cantabile Fenteng ënnerstëtzt. Dem Haaptsponsor LuxEnergie säin Don ass duerch den Erléis vum Beneficeconcert op 15 000 Euro ergänzt ginn. Sou konnt e generéisen Don un Alan gespent ginn.
De Lions Club Mameranus ass ee vun de 25 Lëtzebuerger Lions-Clibb. D'Léiwen hunn als Devise „We Serve" a setzen sech an, fir deene Leit ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet a wou déi normal sozial Ënnerstëtzung net méiglech ass. Dat kënne materiell oder finanziell Hëllefe sinn. D'Chorale Cantabile Fenteng ass eng Chorale mixte mat ca. 35 Singer. Si sange weltlech a sakral Wierker. Zweemol am Joer organiséiere si och eng Benefizaktivitéit, de Chrëschtmaart an e Concert. Et ginn ëmmer nei Singer gesicht an d'Prouwe sinn méindes owes an der Fentenger Museksschoul.
Säit méi wéi 20 Joer setzt sech Alan an, fir d'Liewensqualitéit vun de ronn 30 000 Mënschen zu Lëtzebuerg, déi vun enger seelener Krankheet betraff sinn, ze verbesseren. Dës Krankheeten, déi dacks genetesch bedéngt, chronesch, progressiv an onheelbar sinn, stellen déi betraffe Persounen a Famillje virun eng Rei komplex Erausfuerderungen. De Berodungsservice vun Alan bitt de betraffene Leit eng psychologesch Betreiung, souwéi administrativ a sozial Ënnerstëtzung fir hinnen a verschiddene Beräicher ze hëllefen, notamment beim Accès op Gesondheetsversuergung, bei administrative Prozeduren, bei hire Sozialrechter, an an de Beräicher Bildung, Aarbecht, Familljeliewen an Inclusioun. Nieft dësem Berodungsservice bitt Alan eng Rei adaptéiert Fräizäit a Sportaktivitéiten un, an engagéiert sech staark am Plan National Maladies Rares a fir d'Sensibiliséierung iwwert rar Krankheeten.

Jacques Barthel
via mywort

Save
Cookies user preferences
We use cookies to ensure you to get the best experience on our website. If you decline the use of cookies, this website may not function as expected.
Accept all
Decline all
Essential
These cookies are needed to make the website work correctly. You can not disable them.
Joomla!
Accept